Mir sichen eng motivéiert, passionéiert an dynamesch Persoun mat engem a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Psychologie oder Pädagogik mat systeemescher Ausbildung oder änlechem (M/W/NB) fir eng 30 Stonnen/Woch CDI an eisem Centre socio-thérapeutique zu Lamadelaine.
Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand get et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwéckung emmer erem ugepasst get. Mir gesin d'Verhaale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhaalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen Bezéiung ob an ennerstëtzen d'Kand, dass hat och a, fir hat, iwer-fuedernden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräifen kann. Mir schaaffe Bewosstsäin fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro: Waat mecht daat Verhaale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een emmer bessert Géintiwer ze sin.
Deng Aufgaben:
Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:
-
therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner a Kooperatioun mat der pädagogescher Equipe
-
Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen
Däi Profil:
-
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master an den uewe genannte Beruffer. Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner
-
Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef
-
Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
-
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
-
Du hues d'Fäegkeet an d'Bereetschaft zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun
Wënschenswäert Ufuerderungen:
-
Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef
-
Zousazqualifikatiounen an de Beräicher Traumatherapie, systeemescher Berodung, Hypnotherapie asw. si vu Virdeel
Wat dech erwaart:
-
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
-
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
-
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
-
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
-
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
NEW Therapeutesche Beroder (M/W/NB) - CST Pino (Lamadelaine) in Bitburg Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.