NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) - Service Technique (Nord/Westen) in Deutschlandweit

NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) - Service Technique (Nord/Westen) in Deutschlandweit

Deutschlandweit Vollzeit Vor Ort
A

Mir siche fir de Service Hausmeeschteren am Raum Nord/Westen een Artisan polyvalent (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI . De Service Hausmeeschter ass eng dynamesch, flexibel a multidisziplinär Equipe. Déi ronn 10 Handwierker an Techniker si fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg. Deng Aufgaben: Entretiens- a Reparaturaarbechte vu Gebaier op verschidde Platzen Plënneraarbechten a Montage vu Miwwelen Maintenance vun de Gäert Richteg benotze vu verschiddene Baumaterialien Däi Profil: Een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a Fäegkeet mat verschiddene Materialien ze schaffen Kierperlech fit a belaaschtbar an Spaass u physesch an usprochsvoll Tätegkeeten Handwierklech begaabt a staarken Teamgeescht Flexibel an autonom schaffen Valabelen Autosführerschäin Kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) - Service Technique (Nord/Westen) in Deutschlandweit Arbeitgeber: ARCUS asbl

Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team