Educateur diplômé/ Agent sociopédagogique (M/W/NB) - Crèche Elmen

Educateur diplômé/ Agent sociopédagogique (M/W/NB) - Crèche Elmen

Konz Vollzeit 49500 - 60500 € / Jahr (geschätzt) Kein Homeoffice möglich
A

Auf einen Blick

  • Aufgaben: Begleeds d'Kanner an hiren edukativen Entwécklungen a schafft un innovativen Projeten.
  • Unternehmen: Eng dynamesch Organisatioun mat staarke Valeuren an engem frëndleche Klima.
  • Vorteile: Stabilitéit, weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, an eng engagéiert Gemeinschaft.
  • Weitere Informationen: E dynamescht Aarbechtsëmfeld mat villen Entwécklungsméiglechkeeten.
  • Warum dieser Job: Mënschen hëllefen an eng positiv Auswierkung op d'Liewen vun de Kanner hunn.
  • Qualifikationen: Diplom als Erzéier oder DAP Education, Flexibilitéit an Mehrsprachigkeit.

Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 49500 - 60500 € pro Jahr.

Mir siche fir d'Crèche Elmen: Educateur diplômé oder Agent sociopédagogique (M/W/NB) am CDI mat 25 Stonnen/Woch.

D'Crèche Elmen ass am September 2024 am Zentrum vun Elmen, een neit Duerf just ausserhalb vun Olm, opgaangen. Momentan bitt d'Crèche Plaz fir 44 Kanner, déi jeeweils an 3 Gruppen opgedeelt sinn: e Grupp vu Kanner vun 0-2 Joer, a zwee Gruppe vu Kanner vun 0-4 Joer. All Dag begleet eng jonk a dynamesch Erzéierekipp d'Kanner op eng opmierksam a respektvoll Aart a Weis déi d'Wichtegkeet vu Stabilitéit a Vertrauen a Relatioune mat feste Referenzpersounen ervirbréngt. Besonnesch wichteg sinn déi individuell a qualitativ Bezéiungsmomenter wärend dem Versuergen a beim Iessen, esouwéi och beim Spillen a Beweegen.

Fir d'Weiderentwécklung vun der Ekipp ze fërderen, huet all Ekippemember d'Méiglechkeet spezialiséiert Formatioune jee no Altersgrupp ze suivéieren.

Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d'Kanner vun 0-4 Joer.
  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn.
  • Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung.
  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren.

Däin Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier oder DAP Education.
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten.
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2).

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass.
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld.

Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)

Educateur diplômé/ Agent sociopédagogique (M/W/NB) - Crèche Elmen Arbeitgeber: ARCUS asbl

Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team

Wir glauben, dass du diese Fähigkeiten brauchst, um Educateur diplômé/ Agent sociopédagogique (M/W/NB) - Crèche Elmen mit Bravour zu bestehen

Erzéier Diplom oder DAP Education
Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch (minimum B2)
Edukativ Projete gestalten
Individuell Entwécklung vun Kanner ënnerstëtzen
Berufflech Austausch mat Elteren fërderen
Teamarbeit