Auf einen Blick
- Aufgaben: Begleite Jugendlecher, entwéckle kreativ Bildungssettings an ënnerstëtz se bei hiren Alldagsaufgaben.
- Unternehmen: Dynamesch Organisatioun mat staarke Valeuren am Beräich Aide à l'enfance et à la famille.
- Vorteile: Stabilitéit, weiderbildungs- a Entwécklungsméiglechkeeten an eng engagéiert Equipe.
- Weitere Informationen: Eng Plaz mat engem dynamesche, modernen Aarbechtsëmfeld an enger villverspriechender Zukunft.
- Warum dieser Job: Mënschen inspiréieren an aktiv zur Zukunft vun de Jugendlecher bäidroen.
- Qualifikationen: Diplom, Kreativitéit, Flexibilitéit an d'Fäegkeet fir gutt ze kommunizéieren.
Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 29250 - 35750 € pro Jahr.
Mir siche fir d'Internat Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch. D'Internat Stad Lëtzebuerg ass en Internat fir Jongen am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Hei ginn ronn 46 Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt - sozio-emotional ewéi och schoulesch - a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft.
Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten.
Deng Aufgaben:
- Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 25 Joer an hirem Alldag
- Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d'Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d'Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
- Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen
- Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d'Verselbstännegung vun den Jugendlecher
- Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen
Däin Profil:
- Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
- Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren
- Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
- Du bass flexibel wat d'Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)
Wat dech erwaart:
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)
Educateur diplômé (M/W/NB) - Internat Stad Lëtzebuerg Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.