Auf einen Blick
- Aufgaben: Planung an Ënnerstëtzung vun Hëllefspläng fir Kanner a Jugendlecher.
- Unternehmen: Eng dynamesch Organisatioun mat staarke Valeuren am Beräich Aide à l’enfance.
- Vorteile: Stabilitéit, Weiderbildungsméiglechkeeten an eng engagéiert Aarbechtsëmfeld.
- Weitere Informationen: Eng Plaz fir kreativ Iddien an Entwécklung an engem multidisziplinären Team.
- Warum dieser Job: Mënschen hëllefen an eng positiv Ännerung an d'Liewe vun Kanner bréngen.
- Qualifikationen: Lëtzebuergesch Diplom, 5 Joer Erfahrung, gutt Kommunikatiounsfäegkeeten.
Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 3000 - 4000 € pro Monat.
Mir siche fir den "Petit groupe Jaro" zu Dickweiler (Kannerhaus Iechternach) en Educateur gradué (M/W/NB) als Assistant pédagogique am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch.
D‘Kannerhaus Iechternach steet fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht am Kannerhaus Iechternach. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu. Am Petit Gruppe Jaro liewen de Moment 4 Kanner.
Deng Aufgaben:
- Dir sidd responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an den Falldokumentatiounen.
- Dir begleeds a berod d‘Equipen bei der Ëmsetzung vum pädagogeschen Konzept.
- Dir schafft am individuellen Setting mat Kanner an hierer Famill.
- Dir koordinéiert d‘Kooperatioun mat de Familljen an externe Servicer.
- Dir intervenéiert a Krisesituationen.
- Dir stitt an Kontakt mat den Elteren, dir organiséiert an begleet Visitten vun Elteren bei den Kanner.
Däi Profil:
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom.
- Dir hutt minimum 5 Joer Beruffserfahrung.
- Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen.
- Dir sidd strukturéiert, organiséiert an kënnt gutt observéieren.
- Dir sidd kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung an Berodung vun Strategien bezüglech individueller Hëllefsmoossnamen.
- Dir kënnt eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozess opstellen.
Wat dech erwaart:
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass.
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld.
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Educateur gradué/Assistant pédagogique (M/W/NB) - Kannerhaus Iechternach Arbeitgeber: ARCUS asbl
D'Kannerhaus Iechternach ass e hervorragenden Employeur, deen eng engagéiert Aarbechtskultur mat staarke Valeuren fördert. Mat engem dynameschen a multidisziplinären Team hutt Dir d'Méiglechkeet, an engem stabilen Ëmfeld ze schaffen, dat Iech ënnerstëtzt an inspiréiert, während Dir Är Fäegkeeten entwéckelt. Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten si garantéiert, sou datt Dir ëmmer um neiste Stand vun Ärer Passioun bleift.