Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg
Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg

Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg

Vollzeit Kein Home Office möglich
Go Premium
A

Mir sichen fir verschidden Gruppen vum Kannerhaus Itzeg: Educateurs diplômés (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch: – Foyer Doheem zu Itzeg – Foyer Kopplabunz zu Capellen – Petit Groupe Oasis zu Hamm – Petit Groupe Evoli zu Contern D’Kannerhaus Itzeg bitt Kanner a Jugendlecher e strukturéierten a stabele Liewensraum, an deem si am Alldag begleet ginn. Als Erzéier bass du Deel vun engem familiären, multidisziplinären Team a bass am Alldag vun de Kanner dobäi. Deng Roll besteet doran, si ze begleeden an hir perséinlech Entwécklung ze ënnerstëtzen. Et erwaart dech e strukturéiert, teamorientéiert a respektvollt Aarbechtsëmfeld, mat Raum fir Austausch a fachlech Weiderentwécklung. Deng Aufgaben: Alldeeglechen Encadrement vu Jugendlechen am Alter vun 13 bis 18 Joer Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten, Projeten a Kolonien Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren Däi Profil: Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten Du bass motivéiert dech kontinuéierlech weider ze entwéckelen Dir kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d’Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

A

Kontaktperson:

ARCUS asbl HR Team

Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg
ARCUS asbl
Premium gehen

Schneller zum Traumjob mit Premium

Deine Bewerbung wird als „Top Bewerbung“ bei unseren Partnern gekennzeichnet
Individuelles Feedback zu Lebenslauf und Anschreiben, einschließlich der Anpassung an spezifische Stellenanforderungen
Gehöre zu den ersten Bewerbern für neue Stellen mit unserem AI Bewerbungsassistenten
1:1 Unterstützung und Karriereberatung durch unsere Career Coaches
Premium gehen

Geld-zurück-Garantie, wenn du innerhalb von 6 Monaten keinen Job findest

>