Mir siche fir d'Internat Mäerzeg: Psycholog (M/W/NB) am CDI mat 20 Stonnen/Woch D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 26 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten. Deng Aufgaben: Du ënnerstëtz d‘Kanner an hirer affektiver, emotionaler a sozialer Entwécklung Du fërders d‘Verselbstännegung vun de Kanner Du organiséiers Präventiouns- an Entwécklungsworkshops (emotional Regulatioun, sozial Fäegkeeten, Mobbing, Selbstvertrauen, asw.) Du ënnerstëtz d‘Personal beim Versteesdemech vun de psychologesche Besoine vun de Kanner Du geréiers Krisesituatiounen an hëllefs konsequent Interventiounen ëmzesetzen Du fërders eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal Däi Profil: Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog Du hues eng éischt Beruffserfarung an engem änleche Posten Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren a dokumentéieren Du kanns gutt am Reseau schaffen (pluridisziplinär Ekipp, Elteren, Schoulpersonal an extern Partner) Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (travail en soirée) Wat dech erwaart: En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
NEW Psycholog (M/W/NB) - Internat Mäerzeg in Konz Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.