NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)

NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)

Vollzeit Kein Homeoffice möglich
A

Mir siche fir eise Service "Familljenhaus", baséiert zu Izeg : Agent administratif (M/W/NB) am CDD (Remplacement Congé maternité/parental) mat 25-32 Stonnen/Woch

Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d'Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer: Aide familiale, Assistance familiale, Placement familial, Berodungsdéngscht a Quai57 (Suchtberodung).

Deng Aufgaben:

Du bass zoustänneg fir d'Gestioun vun den Uriff, Mailen a Courrier

Du mëss den administrative Suivi (Encodage, Dokumenter, etc.) a Verbindung mat de Prestatiounen

Du bass zoustänneg fir d'Aarbechtsplanifikatioun vum Service Aide familiale

Du këmmers dech ëm déi deeglech administrativ Aarbecht vum Service

Du assuréiers d'telefonesch Ruffbereetschaft ("astreinte téléphonique") ee Weekend pro Mount

Däi Profil:

Du hues een Diplom (minimum DAP) am Beräich Administratioun, Sekretariat oder änlech

Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung an engem administrative Posten

Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht

Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet

Du hues ee gudde Kontakt mam Client

Du hues gutt Kenntnisser am MS Office (Word, Excel, Outlook, etc.)

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen, Portugisesch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart:

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team