Mir siche fir eis néi Crèche zu Kielen en Chargé de direction (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI. Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Crèche siche mir eng dynamesch, kreativ a motivéiert Persoun, déi Loscht op d’Konzeptioun an d’Gestaltung vun dësem neie Projet huet. Hei kanns du deng Equipe zesummestellen a gemeinsam mat dëser di konzeptuell Ëmsetzung vun der Crèche preparéieren. Kandidatur kann ee bis de 15. September areschen. Deng Aufgaben: Garantéiere vun der pädagogescher an organisatorescher Leedung vun der Crèche, fir eng héichwäerteg Betreiung an e reiwungslose Fonctionnement vun der Struktur sécherzestellen Entwéckelen, ëmsetzen a koordinéiere vun innovative pädagogesche Projeten, déi un d'Besoinen an d'Entwécklung vun de Kanner ugepasst sinn Motivéieren a begleede vun de Mataarbechter mam Resultat vun enger professioneller a respektvoller Zesummenaarbecht Stäerke vun enger vertrauensvoller Kommunikatioun a konstruktiver Zesummenaarbecht mat den Elteren Representéiere vun der Struktur géigeniwwer externe Partner an Institutiounen Opbauen, ausbauen a stäerke vun engem aktiven Netzwierk mat Gemengen, Schoulen, sozialen Déngschter an anere lokalen a regionale Partner Däi Profil: Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am erzéieresche Beräich Du kanns selbstänneg schaffen Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser Wat dech erwaart: Eng aktiv Ënnerstëtzung beim Organiséiere vun enger neier Struktur E Schaffe mat a Opstelle vun enger multikultureller a dynamescher Equipe Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
New chargé de direction (m/w/nb) – crèche kielen Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.