NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

Merzig Vollzeit Kein Homeoffice möglich
A

Mir siche fir d' Internat Ettelbréck en Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 20 Stonnen/Woch D’Internat Ettelbréck begleet a ënnerstëtzt Schülerinnen a Schüler tëscht 12 a 25 Joer an hirem Alldag an op hirem perséinlechen Entwécklungswee. Eist Zil ass et, déi jonk Leit ze stäerken, fir datt si aktiv a verantwortungsvoll hir eegen Zukunft kënne gestalten. Fir eis engagéiert a multidisziplinär Ekipp ze verstäerken, siche mir eng motivéiert Persoun, déi hir pedagogesch Kompetenzen, hir Kreativitéit an hir Begeeschterung an d’Aarbecht mat jonke Mënschen abréngt. Bei eis hues du d’Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun engem nohaltegen, liewegen a wäertschätzende Liewens- a Léierëmfeld matzewierken an d’Entwécklung vun eise Schülerinnen a Schüler positiv mat ze gestalten. Deng Aufgaben: Encadrement vu Kanner an hirem Alldag Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen Däi Profil: Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten) Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis : arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck Arbeitgeber: ARCUS asbl

Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team