Auf einen Blick
- Aufgaben: Begleede Kanner an edukativen Projeten, ënnerstëtze hir Entwécklung.
- Unternehmen: Eng dynamesch Organisatioun mat staarke Valeuren a kontinuéierlechem Wuesstem.
- Vorteile: Stabilitéit, Weiderbildungsméiglechkeeten an eng agreabel Aarbechtsëmfeld.
- Weitere Informationen: Eng engagéiert Organisatioun mat engem inspiréierende Kader.
- Warum dieser Job: Mënschen hëllefen an eng positiv Auswierkung op d'Liewe vun de Kanner hunn.
- Qualifikationen: Diplom als Erzéier oder Agent socio-pédagogique, Flexibilitéit an d'Fäegkeet fir d'Spriechen.
Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 49500 - 60500 € pro Jahr.
Mir siche fir d'Maison Relais Groussbus-Wal: Educateurs diplômés / Agents socio-pédagogiques (M/W/NB) - CDI - 20-30 Stonnen/Woch.
D'Maison Relais Groussbus-Wal besteet aus 2 Campussen zu Groussbus a Gréiwels:
- De Campus Nei Brasilien (Gréiwels) bitt Plaz fir ronn 237 Kanner vun 3 bis 12 Joer a schaaft Raum, wou Léieren, Entwécklung a Gemeinschaft am Fokus stinn.
- De Campus Schlassgaart (Groussbus) bitt Plaz fir ronn 140 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer gutt equipéiert Raim souwéi eng extern Spillplaz, e multi-sport Terrain an eng Sportshal, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.
Deng Aufgaben:
- Du empfänks a begleeds d'Kanner vum Cycle 1-4.
- Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn.
- Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung.
- Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren.
Däin Profil:
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé) oder Agent socio-pédagogique (DAP).
- Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (travail en coupé).
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen (minimum B2).
- Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto.
Waat dech erwaart:
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass.
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld.
Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
NEW Educateurs diplômés / Agents socio-pédagogiques (M/W/NB) - Maison Relais Groussbus-Wal Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.