Auf einen Blick
- Aufgaben: Planen a preparéieren vu gesonde Menüen fir Kanner mat enger engagéiertem Team.
- Unternehmen: Eng dynamesch Organisatioun mat staarke Valeuren an engem moderne Aarbechtsëmfeld.
- Vorteile: Stabilitéit, weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, an eng villverspriechend Zukunft.
- Weitere Informationen: Eng léierfäeg Organisatioun mat 1800 engagéierten Mataarbechter.innen.
- Warum dieser Job: Mënschen inspiréieren a gesond Ernärung fir Kanner förderen.
- Qualifikationen: Diplom als Kach, Wëssen iwwer equilibréiert Ernärung, a Gedold mat Kanner.
Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 3000 - 3500 € pro Monat.
Mir siche fir eis Crèche a Maison Relais zu Nidderfeelen: Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch.
D'Kichenekipp vun der Crèche & Maison Relais besteet aus enger Chefkächen, engem Kach, 2 Hëllefskäch a suergt am Alldag fir frësch, saisonal a regional Molzechten.
Deng Aufgaben:
- Enk Zesummenaarbecht mat der Chefkächen fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen a preparéieren
- Schaffen no den HACCP-Normen
- Molzechte fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren
- Ënnerstëtzung bei der Gestioun vum Stock a beim Ausraumen/Botzen
- D'Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren
Däi Profil:
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach
- Eng Beruffserfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel
- Du hues e fundéiert Wëssen am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner
- Du hues Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner
- Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B1)
- Du hues e Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart:
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CC-TSA
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
NEW Kach (M/W/NB) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen Arbeitgeber: ARCUS asbl
Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.