NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen in Perl

NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen in Perl

Perl Vollzeit Vor Ort
A

Mir siche fir d'Maison Relais Nidderaanwen: Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 17-25 Stonnen/Woch

D'Maison Relais Nidderaanwen bitt Plaz fir 405 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden altersgerecht equipéiert Raim an e Kannerrestaurant. D'Sportshal vun der Schoul souwéi e puer Spillplaze fërderen d'Beweegung an eng ofwiesslungsräich Betreiung.

Deng Aufgaben:

  • Du begleeds d'Kanner op hirem Wee zu Fouss (Pedibus) oder mam Bus
  • Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung
  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren a mam Schoulpersonal
  • Du hëllefs der Ekipp an der Maison Relais aus (Kanner vum Cycle 1-4)

Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Agent socio-pédagogique (DAP Education) oder en Certificat als Aide socio-éducatif / Aide socio-familial
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Wat dech erwaard:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen in Perl Arbeitgeber: ARCUS asbl

Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team