NEW Educateur diplômé/ gradué (M/W/NB) - Crèche Mäerzeg in Perl

NEW Educateur diplômé/ gradué (M/W/NB) - Crèche Mäerzeg in Perl

Perl Vollzeit Kein Homeoffice möglich
A

Mir siche fir eis Crèche Mäerzeg : Educateur diplômé oder gradué(M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch

D'Crèche Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner a leit an enger ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzunge fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. Mir bidden e familiärt Ëmfeld a setze grousse Wäert op Elterenpartnerschaft an déi regional Vernetzung. Fir eist dynamescht Team ze verstäerken, siche mir en engagéierten a motivéierte Mataarbechter, dee Loscht huet an enger empathescher Ekipp ze schaffen an d'Kanner mat Freed op hirem Wee ze begleeden.

Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d'Kanner vun 0-4 Joer
  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
  • Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung
  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren

Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé oder gradué)
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen
  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

NEW Educateur diplômé/ gradué (M/W/NB) - Crèche Mäerzeg in Perl Arbeitgeber: ARCUS asbl

Die Maison Relais Buerschent ist ein hervorragender Arbeitgeber, der eine inspirierende Arbeitsumgebung in einem ruhigen, naturnahen Dorf bietet. Hier haben Sie die Möglichkeit, in einer engagierten Organisation mit starken Werten zu arbeiten und Ihre Ideen in einem dynamischen, modernen und multidisziplinären Team einzubringen. Zudem fördern wir Ihre persönliche und berufliche Entwicklung durch vielfältige Weiterbildungsangebote, sodass Sie stets auf dem neuesten Stand Ihrer Leidenschaft bleiben können.

A

Kontaktdaten:

ARCUS asbl Recruiting-Team