Sourcing & Campus Officer (Recrutement - RH) (f/h/d) - CDI

Sourcing & Campus Officer (Recrutement - RH) (f/h/d) - CDI

Bitburg Vollzeit Kein Homeoffice möglich
M

Auf einen Blick

  • Aufgaben: Verwalte unseren Job-Board und identifiziere potenzielle Kandidaten für spannende Events.
  • Unternehmen: Moovijob.com, der führende Job-Board in Luxemburg mit einem dynamischen Team.
  • Vorteile: Flexibles Arbeiten, 26 Urlaubstage plus 2 zusätzliche Tage und eine attraktive Prämie.
  • Weitere Informationen: Multikulturelles Team mit Unterstützung und Weiterbildung von Anfang an.
  • Warum dieser Job: Gestalte die Zukunft des Recruitings und arbeite in einem kreativen Umfeld.
  • Qualifikationen: Bachelor oder Master in HR, Rekrutierung oder Eventmanagement; Sprachkenntnisse in Luxemburgisch, Französisch und Englisch.

Du hues bestëmmt scho vu Moovijob.com héieren. Zënter 2007 gëtt et eis, an haut si mir en Team vu 21 Mataarbechter. Iwwer d’Joren hu mir eis weiderentwéckelt a sinn haut den éischte Job Board zu Lëtzebuerg; Leader punkto Recrutementsfoire mat Evenementer wéi dem Moovijob Day, der Moovijob Week an Unicareers; dem éischte Recrutementsmedium am Grand-Duché.

Am Kader vun eisen Aktivitéite siche mir aktuell e Sourcing & Campus Officer, vun dem exzellent Lëtzebuergeschkenntnisser gefuerdert ginn.

HAAPTAUFGABEN

  • D‘Gestioun vun eisem Site Moovijob.com: deeglech Administratioun vum Site (Annoncen bäifügen, läschen an änneren)
  • Sourcing: potenziell Kandidaten identifizéiere fir d’Annoncen op Moovijob.com a fir eis Eventer.
  • Eventmanagement: Kommunikatioun mat de Recruteure wärend der Vermaartung vun den Eventer; Kommunikatioun mat de Kandidaten; Ëmsetzung vun engem Kommunikatiounsplang passend zum Planning vun eisen Aktiounen.
  • Campusmanagement: Gestioun vun de Relatioune mat de lëtzebuergesche Schoulen, Organisatioun vu Webinaren a Seminairen, Participatioun un externen Evenementer.
  • Kontinuéierlech Verbesserung vun der Websäit Moovijob.com an den interne Prozesser.

Du wäerts och u Projeten deelhuelen, déi aktuell entwéckelt ginn, fir eis Recrutements- an Accompagnementsmethoden weider ze verbesseren!

DÄI PROFIL

  • Du hues e Bachelor oder Master (Bac +3 oder Bac +5) mat enger Spezialiséierung am Beräich HR, Recrutement oder Evenementiel;
  • Du hues e staarken Interessi am Beräich Recrutement;
  • Eng éischt Erfarung am Recrutement ass e Plus;
  • Du bass virwëlzeg, dynamesch a bréngs gären eegen Iddien an;
  • Du beherrschs Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch, souwuel mëndlech wéi schrëftlech.

WAT MIR DIR UBIDDEN

  • En agreabelt an dynamescht Aarbechtsëmfeld mat enger Start-up-Atmosphär;
  • Büroen an der Géigend vun der Gare Lëtzebuerg an no vu Bus a Tram Arrêten;
  • Interessant an ofwiesslungsräich Aufgaben;
  • D’Méiglechkeet, vill verschidden Tools ze entdecken a Kompetenzen ze entwéckelen;
  • E multikulturellt Team vu 21 Membere, déi sech ëmmer géigesäiteg ënnerstëtzen;
  • Eng Formatioun an eng Begleedung vun Ufank un;
  • D’Méiglechkeet, Homeoffice ze maachen;
  • 26 Congésdeeg + 2 zousätzlech fräi Deeg;
  • Eng Prime, jee no Erreeche vum Joresresultat.

Wann s du mengs, datt dës Offer bei dech passt, da mell dech elo op Moovijob.com a vergiess net, däin CV an e Motivatiounsschreiwes matzeschécken. Mir freeën eis schonn drop, dech kennenzeléieren!

Sourcing & Campus Officer (Recrutement - RH) (f/h/d) - CDI Arbeitgeber: Moovijob.com

Moovijob.com ist ein hervorragender Arbeitgeber, der dir die Möglichkeit bietet, in einem dynamischen und multikulturellen Team zu arbeiten. Mit einem modernen Büro in der Nähe des Hauptbahnhofs von Luxemburg-Stadt und einem freundlichen Arbeitsumfeld fördern wir nicht nur deine berufliche Entwicklung, sondern bieten auch spannende Karriereperspektiven in einem schnell wachsenden Unternehmen. Hier kannst du deine Fähigkeiten im B2B-Vertrieb weiterentwickeln und Teil einer innovativen Recruiting-Plattform werden.

M

Kontaktdaten:

Moovijob.com Recruiting-Team

Wir glauben, dass du diese Fähigkeiten brauchst, um Sourcing & Campus Officer (Recrutement - RH) (f/h/d) - CDI mit Bravour zu bestehen

Lëtzebuergeschkenntnisser
Verwaltungskompetenz
Sourcing-Fähigkeiten
Eventmanagement
Kommunikationsfähigkeiten
Campusmanagement
Beziehungsmanagement