2 Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Miersch an Esch

2 Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Miersch an Esch

Vollzeit 3000 - 4000 € / Monat (geschätzt) Kein Homeoffice möglich
S

Auf einen Blick

  • Aufgaben: Begleede Kanner an hier Famillen mat Empathie an Engagement.
  • Unternehmen: Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf, engagéiert an der Kanner- a Jugendhëllef.
  • Vorteile: Regelméisseg Weiderbildung, Teamversammlungen, Sympass Kaart.
  • Weitere Informationen: Dynamesch Aarbechtsëmfeld mat villen Entwécklungsméiglechkeeten.
  • Warum dieser Job: Mächt e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner an eng positiv Ännerung.
  • Qualifikationen: Bachelor an Sozialpedagogik oder Equivalenz, Teamgeescht, flexibel Aarbechtszäiten.

Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 3000 - 4000 € pro Monat.

Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hiere Service Familjenstärkungsdëngscht engagéiert Fachleit déi Kanner an hier Familjen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Éducateur gradué an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur ! 2 Educateurs gradués CDI 75% oder 80% Miersch an Esch Är Aufgaben: Dir iwwerhuelt, d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill; Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.) Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Bachelor Studium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen. Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht. Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung. Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran. Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement. Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten. Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch. Dir hutt e Führerschäi B. Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef. Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (Carrière laut Diplom, maximum C6). Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Liewenslaf mat Foto Motivatiounsbréif Kopie vum Diplom Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

2 Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Miersch an Esch Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.

S

Kontaktdaten:

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team

Wir glauben, dass du diese Fähigkeiten brauchst, um 2 Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Miersch an Esch mit Bravour zu bestehen

Sozialpädagogik
Empathie
Teamgeist
Verantwortungsbewusstsein
Wertschätzende Haltung
Handlungskompetenz
Fachkenntnisse in SOP, Bindung und Trauma