Chef de groupe (m/w/d) fir d'meederchers-wunngrupp maison cales cdi 100 %

Chef de groupe (m/w/d) fir d'meederchers-wunngrupp maison cales cdi 100 %

Konz Vollzeit Kein Homeoffice möglich
S

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. Fir eis Wunngrupp Maison CALES , déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op. Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben: Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp. Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team. Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen. Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung. Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen. Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen. Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen. Wat eis ënnerscheet: Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...). Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen. Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse. Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung. Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement. Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung. Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden. E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team. Reegelméisseg Supervisiounen. Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher. Kloer Strukturen a professionell Begleedung. Eng Missioun mat Wierkung Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen. Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie. E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen. Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen Dir sidd am Besëtz vun engem unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpöadagogik den Educateur gradué’s Diplom oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass. Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Jugendlëche oder am edukative Beräich ass e Virdeel. Dir kennt dat soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen. Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen. Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner, Jugendlëch a Familljen optrieden. Perséinlech Kompetenzen Dir hutt Leedungs a Féierungskompetenzen. Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst. Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Jugendlëchen, Elteren a Fachleit opbauen. Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team. Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen. Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen. Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen Zousätzlech Ufuerderungen Führerschäin B Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel Konditiounen CDI Beschäftegungsgrad: 100% Remuneratioun laut CCT-SAS C6 Attraktiv extralegal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur! Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Chef de groupe (m/w/d) fir d'meederchers-wunngrupp maison cales cdi 100 % Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.

S

Kontaktdaten:

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team