Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDD 100%

Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDD 100%

Vollzeit 49500 - 60500 € / Jahr (geschätzt) Kein Homeoffice möglich
S

Auf einen Blick

  • Aufgaben: Begleite Kanner a Jugendlecher an engem struktureierten a sécheren Ëmfeld.
  • Unternehmen: Eng engagéiert Organisatioun déi d'Entwécklung vun hire Mataarbechter schätzt.
  • Vorteile: Attraktiv Remuneratioun, weider Formatiounen an extra-legal Virdeeler.
  • Weitere Informationen: Dynamesch Aarbechtsëmfeld mat villen Entwécklungsméiglechkeeten.
  • Warum dieser Job: Mächt e positiven Impakt op d'Zukunft vu Kanner a Jugendlecher.
  • Qualifikationen: Diplom als Éducateur diplômé an Teamgeescht erfuerderlech.

Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 49500 - 60500 € pro Jahr.

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

Fir eise Wunngrupp, d'Haus 6, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDD 100% als Educateur diplômé. Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen.
  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn.
  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen.

Wat eis ënnerscheed:

  • Mir investéieren an Är Entwécklung.
  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...).
  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen.
  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse.
  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung.
  • Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung.
  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement.
  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung.
  • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung.
  • E professionellen a strukturéierte Kader.
  • Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team.
  • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen.
  • Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun.
  • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung.
  • Eng Missioun mat Wierkung.
  • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen.
  • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen.
  • E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen.

Äre Profil:

  • Diplomer a fachlech Kompetenzen.
  • Anerkannt Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen.
  • Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten.
  • Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht.
  • Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis.
  • Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche.
  • Führerschäin B.
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel.

Konditiounen:

  • CDD 100 %.
  • Remuneratioun laut CCT-SAS (C4).
  • Bestoend extra-legal Virdeeler.

Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif.
  • Liewenslaf mat Foto.
  • Kopie vum Diplom.
  • Autorisation d'exercer.

Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDD 100% Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.

S

Kontaktdaten:

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team

Wir glauben, dass du diese Fähigkeiten brauchst, um Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDD 100% mit Bravour zu bestehen

Empathie
Teamgeist
Multidisziplinäre Zusammenarbeit
Strukturierte Arbeitsweise
Reflexion
Flexibilität
Ressourcenorientierte Ansätze