Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 %

Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 %

Trier Vollzeit Kein Homeoffice möglich
S
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op. Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben : Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen Wat eis ënnerscheet Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, Kanner- a Jugendschutz, SOP, ...) Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesstem Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team Reegelméisseg Supervisiounen Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher Kloer Strukturen a professionell Begleedung Eng Missioun mat Wierkung Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen Äre Profil : Unerkannten Diplom als Éducateur gradué oder Infirmier psychiatrique, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche Führerschäin B Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel Konditiounen CDI 100 % Remuneratioun laut CCT-SAS (C6/C5) Bestoend extra-legal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur! Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'exercer (wann zoutreffend) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 % Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.

S

Kontaktdaten:

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team