D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt een Educateur diplômé an fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 4" zu Miersch CDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen Är Aufgaben: Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der "autorisation d'exercer" Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen Führerschäin (B) Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (Maximum C4) Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wungrupp Haus 4 zu Miersch - CDD 100% in Hamburg Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.
Kontaktdaten:
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team