Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5*

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5*

Vollzeit 40000 - 55000 € / Jahr (geschätzt) Kein Homeoffice möglich
S

Auf einen Blick

  • Aufgaben: Begleite Kanner a Jugendlecher empathesch an engagéiert an der Kanner- a Jugendpsychiatrie.
  • Unternehmen: Eng innovativ Fondatioun déi Wuelbefannen vun Jonken fördert.
  • Vorteile: Attraktiv extralegal Virdeeler an eng kontinuéierlech Entwécklungsméiglechkeet.
  • Weitere Informationen: Eng engagéiert Equipe mat engem strukturéierte Kader fir professionellt Wuesse.
  • Warum dieser Job: Mäin Impact op d'Zukunft vu Kanner a Jugendlecher ass direkt a bedeitend.
  • Qualifikationen: Diplom als Infirmier mat Spezialisatioun an der Psychiatrie an 5 Joer Erfahrung.

Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 40000 - 55000 € pro Jahr.

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen ze leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an Jugenlegechen, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.

Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi, e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter.

Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben Matwierken un der Opnam, Evaluatioun a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen.

Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren.

De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.

Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren.

Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen.

Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen.

Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren.

Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen.

Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken.

An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren.

Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren.

Wat eis ënnerscheet Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...) Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung Eng Missioun mat Wierkung Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom).

Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg.

Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie.

Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz).

Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.).

Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille.

Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil Wertschätzend a professionell Haltung.

Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen.

Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen.

Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner.

Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn.

Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement.

Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen.

Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet.

Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis.

Zousätzlech Ufuerderungen Führerschäin B Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel Konditiounen CDI Beschäftegungsgrad: 100 % Remuneratioun laut CCT-SAS C5* Attraktiv extralegal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w. e. g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'exercer Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5* Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.

S

Kontaktdaten:

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team

Wir glauben, dass du diese Fähigkeiten brauchst, um Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5* mit Bravour zu bestehen

Empathie
Ressourcenorientéiert Begleedung
Psychiatrische Evaluatioun
Somatesch Evaluatioun
Kommunikatiounskompetenzen
Teamarbeit
Berodungskompetenzen