D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
Fir eise Wunngrupp, Maison Giisèle et Georges, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 100% als Agent éducatif oder Educateur diplômé..
Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
- Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
- Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
- Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)
- Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
- Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse
- Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
- Strukturéiert Qualitéitsmanagement
- Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
- Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung
E professionellen a strukturéierte Kader
- Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team
- Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen
- Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun
- Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung
Eng Missioun mat Wierkung
- Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen
- Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen
- E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil
Diplomer a fachlech Kompetenzen
- Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen
- Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten
- Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht
- Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis
- Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche
- Führerschäin B
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
- CDI 100 %
- Remuneratioun laut CCT-SAS (C3 oder C4)
- Bestoend extra-legal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu Mäerzeg in Perl Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.
Kontaktdaten:
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team