Auf einen Blick
- Aufgaben: Begleite Kanner mat emotionalen a psychosozialen Erausfuerderungen an hëllef hinnen, hir Ressourcen ze stäerken.
- Unternehmen: Eng engagéiert Organisatioun déi Kanner a Familljen ënnerstëtzt.
- Vorteile: Attraktiv extralegal Virdeeler an eng kontinuéierlech Entwécklungsméiglechkeet.
- Weitere Informationen: Dynamesch Teamkultur mat regelméissege Supervisiounen a Formatiounen.
- Warum dieser Job: Mënschen hëllefen an e positiven Impakt op d'Zukunft vu Kanner hunn.
- Qualifikationen: Master an Psychologie an 3-5 Joer Beruffserfarung am soziale Secteur.
Das prognostizierte Gehalt liegt zwischen 4125 - 5041 € pro Monat.
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hire Famillje wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Är Expertise an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hire Famillje ze leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
An dëser Funktioun sidd Dir eng zentral Kontaktpersoun fir Kanner, Elteren, Educatiounsequippen a professionell Partner. Dir begleet Kanner mat emotionalen, psychosozialen a Verhalensschwieregkeeten, fërdert hir Ressourcen a stäerkt hir Entwécklung an drot domat aktiv zu hirem Wuelbefannen an zu hirer erfollegräicher Reintegratioun an de Schoulalldag bäi.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Är Aufgab:
- Dir sidd zoustänneg fir d’psychologesch Begleedung vu Kanner am Alter vu 4 bis 12 Joer, déi sech an enger Situatioun vu schoulescher Nout befannen an ausgepräägt Verhalensschwieregkeeten weisen.
- Dir analyséiert d’Situatioun vun de Kanner, definéiert passend Interventiounen a setzt e kloren therapeuteschen an edukative Kader.
- Dir féiert psychologesch Bilanen duerch a formuléiert fachlech Recommandatiounen.
- Dir bitt de Kanner e séchert a vertrauensvollt Ëmfeld, an deem si hir sozial-emotional Kompetenze kënne stäerken.
- Dir erstellt, begleet a reevaluéiert individuell therapeutesch Ziler a Fërderungspläng.
- Dir schafft aktiv un der Stäerkung vun de Ressourcen, der emotionaler Stabilitéit an der Selbstregulatioun vun de Kanner.
- Dir bedeelegt Iech un Opnam-, Evaluatiouns- an Orientéierungsprozesser a gitt fachlechen Input bei der Definitioun vu passenden Ënnerstëtzungsmoossnamen.
- Dir dokumentéiert Är Interventiounen a suergt fir eng korrekt an aktuell Gestioun vun den Dossieren an den Datebanken.
- Dir evaluéiert reegelméisseg d’Effikassitéit vun den agefouerte Moossnamen a passt dës un d’Besoine vun de Kanner un.
- Dir beréit an ënnerstëtzt Elteren a Fachpersonal am Ëmgang mat sozial-emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.
- Dir drot aktiv dozou bäi, d’Haaptzil vum Centre socio-thérapeutique z’erreechen: d’Stabiliséierung vum Kand an eng erfollegräich Reintegratioun an de reguläre Schoulalldag.
Wat eis ënnerscheed:
- Mir investéieren an Är Entwécklung.
- Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...).
- Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen.
- Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse.
- Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung.
- Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung.
- Strukturéiert Qualitéitsmanagement.
- Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung.
- Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung.
- E professionellen a strukturéierte Kader.
- Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team.
- Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen.
- Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun.
- Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung.
- Eng Missioun mat Wierkung.
- Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren.
- Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen.
- E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen.
Äre Profil:
- Dir sidd am Besëtz vun engem Master an der Psychologie a verfüügt iwwer eng Autorisatioun fir de Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben, oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass.
- Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Familljen a schwierege Situatiounen oder am edukative Beräich ass e Virdeel.
- Dir kennt dat psychosoziaalt a soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen.
- Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen.
- Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner a Familljen optrieden.
Perséinlech Kompetenzen:
- Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst.
- Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Kanner, Elteren a Fachleit opbauen.
- Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team.
- Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen.
- Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen.
- Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen.
Zousätzlech Ufuerderungen:
- Führerschäin B.
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel.
Konditiounen:
- CDI.
- Beschäftegungsgrad: 50%.
- Remuneratioun laut CCT-SAS C7.
- Attraktiv extralegal Virdeeler.
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
- Motivatiounsbréif.
- Liewenslaf mat Foto.
- Kopie vum Diplom.
- Autorisation d'exercer.
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Psychologue (m/f/x) CDI 50 % Arbeitgeber: SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Die Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ist ein hervorragender Arbeitgeber, der sich für die wertschätzende und ressourcenorientierte Begleitung von Kindern und Familien einsetzt. Mit einem starken Fokus auf Teamarbeit und regelmäßige Weiterbildungsmöglichkeiten in den Bereichen Bindung, Trauma sowie Kinder- und Jugendschutz bietet das Unternehmen ein unterstützendes und respektvolles Arbeitsumfeld, in dem Mitarbeiter ihre Fähigkeiten entfalten und einen echten Beitrag zur Zukunft der Kinder leisten können.
Kontaktdaten:
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG Recruiting-Team